
Ausstellung "Gleef dat net…! Verschwörungstheorien heute und gestern”
ES | 04.05.2022D’Kyra Thielen, Responsabel vum “Service culturel et pédagogique” vun “les 2 musées de la Ville de Luxembourg”, huet den 20. Abrëll 2021 ob der 2GMM am Mediecours iwwert d‘Ausstellung "Gleef dat net…! Verschwörungstheorien heute und gestern” geschwat.
D’Ziel vun der Ausstellung, déi ee bis Enn Januar an de City Museum konnt kucke goen, war et, d’Geschicht vun de Verschwörungstheorien ze erzielen an de Leit de wichtegen Ënnerscheed tëschent Fakt a Fiktioun ze vermëttelen.
Am Kader vun der Éducation aux médias kruten d’Schüler/innen vun der 2GMM d’Konzept an d’Kommunikatiounsstrategie vun der Ausstellung erkläert.
Merci dem Kyra Thielen fir seng interessant Präsentatioun.