Journée sur l’inclusion
BTS | 07.07.2024Freideg de 5. Juli hu 5 BTS Klassen am Kader vum Entrepreneuriat eng Journée mat enger Rei Aktivitéiten organiséiert. D'Aktivitéite stoungen ënnert dem Thema kulturell Inclusioun a mental a physesch Gesondheet. D‘Studenten hunn thematesch Stänn iwwert verschidde Länner, iwwert gesonde Schlof an Ernärung organiséiert. Zudeem hunn si international kulinaresch Spezialitéiten ugebueden, kreativ Workshops gehalen an traditionell Spiller virgestallt. An deem Kader hunn si och zwee Tournoien (Volleyball a Badminton) organiséiert. Felicitatioun un eis Studente fir dëse gelongenen Dag.
» photos