
Visitt SIDOR
Semaines entrepreneuriales | 19.12.2023Als Ofschloss vun der Semaine entrepreneuriale huet d‘4GCM2 de Freiden de SIDOR ze Leideleng besicht. No enger flotter Presentatioun konnten d’Schüler de Site besichen a kruten de ganze Prozess vun der Offallverbrennung erkläert a gewisen. Nodeems si sech schonn di ganz Woch am Kader vum Trash Value Challenge mat dem Thema Offall a senger Weiderverwäertung beschäftegt haten, huet hinnen d‘Visitt gewise wei vill Offall ze Lëtzebuerg entsteet, wat domat geschitt an dat Offalltrennung wichteg ass. Esou sinn si nach weider sensibiliséiert ginn.
» photos