passer au contenu principal passer au menu principal

Semaine de la démocratie - Democracity

ES | 25.10.2024

Am Kader vun der Semaine de la démocratie si verschidden Aktivitéiten am ECG ugebuede ginn. De Méindeg huet de Schülercomité sech der Schoulcommunautéit presentéiert an d’Schüler opgeruff hinnen e klenge Message mat Aktiounsvirschléi zoukommen ze loossen.
De Mëttwoch si Schüler vun der 3e eng Visitt vun der Chambre des Députés maache gaangen. D’Visitt huet vun 08h30-15h30 gedauert a gouf encadréiert vum ZpB. Moies war eng Visitt vun de Raimlechkeeten um Programm an duerno ee Workshop innerhalb vun der Chamber. No enger Mëttegpaus hunn zwee Deputéiert hinnen hir Aufgab erkläert a mat hinnen een Debat gefouert. Donneschdes war et dunn un de Schüler vun der 2e. Si hunn un engem Simulatiounsspill Suity Hero deelgeholl. D’Simulatiounsspill huet vun 12h30-14h15 gedauert an d’Material gouf vum EPAS zur Verfügung gestallt. Dëst ass e Rollespill dat an de Schoulprogramm passt. D’Welt ass no engem Krich zerstéiert, an et geet drëms seng Länner erëm nei opzebauen. Mee dëst huet d’Schüler*inne munchmol virun Erausfuerderunge gestallt z. B. ëmmer ee Visum ufroen ze musse fir ze reesen, d’Wärung ze ännere wann een an een anert Land reest... Déi ëmmer nei a wiesselend Challengen hunn dëst Simulationsspill net langweileg gi gelooss. Zum Ofschloss vun dëser Woch hunn d’Schüler aus de 4es-Klassen um Simulatiounsspill Democracity deelgeholl vun 09h00-12h00 an dëst gouf organiséiert vum ZpB. D’Schüler sinn a Gruppen opgedeelt ginn an hu missen hir eege Stad opbauen, mat Reegelen, Gesetzer, Richtlinnen, etc. Den ZpB huet och ëmmer erëm nei Challengë gesat, an d’Schüler hu gemierkt datt et net ëmmer einfach ass fir eng gemeinsam Léisung ze fannen. No dëser gelongener Woch freeë mer eis schonn op déi nächst Editioun, 2025.




» photos