passer au contenu principal passer au menu principal

Diplomiwwerreechung 2024

ES | 09.07.2024

En Donneschden, de 4. Juli, huet, ënnert der Präsenz vum Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Logement a Landesplanung an dem Här Charles Goerens, Europa-Deputéierten, d'Diplomiwwerreechung stattfonnt. Am Bäisi vu Famill, Frënn, Enseignantë souwéi der Direktioun konnten sech d'Schüler iwwer hire wuelverdéngte Schoulofschloss an op de Start an hier Zukunft freeën. Nieft enger Ried vum Direkter Joseph Britz, huet ënner anerem och de Minister Claude Meisch, d'Wuert un de Plenum geriicht. Nodeems all Schüler säin Diplom entgéint geholl hat, goufen nach déi bescht Laureaten ënner hinnen ausgezeechent. E grousse Merci geet un d’Banque Raiffeisen, d’BIL, d’Markcom, d’Chambre de Commerce, d’Chambre des Salariés an den Elterekommitee déi dës Präisser gestallt hunn.
Eis Felicitatioune ginn un all eis Laureaten a mir sinn houfreg dat 82% vun eisen Kandidaten et direkt gepakt hunn.




» photos