
Pitch am Centre de conférences a Clausen
EduStart-Up | 20.05.2024En Donneschden, de 16. Mee konnt eis EduStart-Up, eng intern Schoulfirma mam Numm ECGLounge, hire Projet am Centre de conférences a Clausen pitchen. E Grupp Schüler, deen sech entretemps op 5 Fräiwëlleger ausweite konnt, huet sech als Zil gesat der Schoulgemeinschaft vum ECG interessant Produiten zu faire Präisser unzebidden. Geplangt ass de Verkaf vu Gedrénks, Snacken a Schoulmaterial am Hall vum ECG, wou si iech ab dem 3. Juni an all Paus an engem conviviale Kader empfänke wäerten.
Vergiesst net hinnen op Instagram ze followen (@ecglounge) fir en Abléck an hir Präislëscht ze kréien a keng Nouvellen méi ze verpassen.